Manifestation

D’Ierzenzopp ass gutt [20.15 Auer @Musée - LU & english subtitles]

RÉSERVER UN BILLET


Lieu : 
Musée National de la Résistance et des Droits Humains

Place de la Résistance
Esch-sur-Alzette


Heure :
19h30

20h15


Langue :

Luxembourgeois & sous-titres en anglais


Entrée gratuite

19.30 Auer : Generalversammlung

20.15 Auer : Film


Wann Där wëllt Member ginn, invitéieren d'Frënn vum Resistenzmusée Äech op hir Generalversammlung, virum Film um 19.30 Auer.


D’Ierzenzopp ass gutt


Kuerz-Film (37 Min.) deen 2024 realiséiert gouf vum Grupp Saint Michel vun de Mierscher Guiden a Scouten (LGS) an de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch. 


Déi Responsabel vun de Guiden a Scouten a vun de Geschichtsfrënn halen drop un d’Leit aus hirer Géigend ze erënneren déi am 2.Weltkrich hiert Liewe gelooss hunn. Ënner deenen 48 Affer si Resistenzler, Zwangsrekrutéiert, Deportéierter, Ëmgesidelter déi e.a. an de KZ Hinzert, Mauthausen, Buchenwald, Theresienstadt oder an der Ëmsidlung ëm d’Liewe komm sinn.


Eent vun hiren Erënnerungsmëttelen ass d’Produktioun vu Filmer déi verschidden Affer an de Fokus setzen.


Mat dem Film "D’Ierzenzopp ass gutt” deen se 2024 realiséiert hunn, erënnere se speziell un e puer Resistenzler vun der LVL (Lëtzebuerger Vollékslégioun) déi am August 1943 zwee US-Aviateure gehollef hunn de Nazien ze entkommen. Nodeem hir Maschinn an der Géigend vu Koblenz getraff gouf, sinn de Robert E.Nelson an de William A.Genz no gegléckter Landung mam Fallschierm, e puer Deeg duerch déi schwaach besidelt Südäifel gelaf, bis dat se, méi oder manner zoufälleg, zu Lëtzebuerg ukomm sinn. Zu Miersch goufen se vun der lokaler "LVL-Zell“ en charge geholl an op ënnerschiddleche Plaze logéiert. D’Mierscher Resistenzler hu Kontakt opgeholl mat hiere Kollegen vun der Déifferdénger Evasiouns-filière vun de PI-MEN (Patriotes Indépendants). D’Pilote goufen op Déifferdeng bruecht an do de 9.September vu Passeuren iwwer d’franséisch Grenz gefouert.


Déi zwee Amerikaner koumen no Rees iwwer d’Pyreneeën, Madrid a Gibraltar, Ufank November rëm op hir Basis zréck an hunn de Krich iwwerlieft,,,. De Präis dofir hunn zum Deel anerer bezuelt. En etlech Resistenzler, esouwuel vu Miersch ewéi vun Déifferdeng goufen verhaft, koumen a KZ'er wou och en Deel vun hinnen ëmbruecht gouf.


Deene Film-responsabele geet et mat hirer Aarbecht just ëm d’Erënnerung. Et däerf net vergiess ginn, dat deemools „einfach“ Mënschen net einfach esou ewech gekuckt hunn.


D’Geschichtsfrënn maachen déi historesch Recherchen a stellen och ee klengen Deel vun den Acteuren an Actricen. De Grupp Saint Michel stellt awer den Haaptdeel vun den Actricen an Acteuren, këmmert sech em de Catering, d’Locations, d'Regie asw. 



De Film mam Titel „D’Ierzenzopp ass gutt“ ass entretemps och op Youtube an Dir kënnt en hei kucke wann dir wëllt 

De Film op YouTube


*D’Arrivée vun de Piloten zu London, gouf de lëtzebuerger Resistenzler mat dem Sproch« D’Ierzenzopp ass gutt” iwwer d’BBC gemeld.

Filmausschnëtter

Close circle

Reservation

Pour toute autre demande concernant votre réservation veuillez nous contacter ici :

reservations@mnr.lu