
Manifestation
Bei mir bist du schéin [19h30 @Ariston, Esch]
9, rue Pierre Claude
L-4063 Esch-sur-Alzette
Heure :
19h30
Participant :
Guy Schons
En coopération avec le Théâtre d'Esch
"Bei mir bist du schéin".
E Concert-Virtrag vum Guy Schons
A sengem Concert-Virtrag retracéiert de Sänger a Kulturhistoriker Guy Schons d‘Geschicht vun den israelitesche Kolonien, der jiddescher Sprooch an dem Zesummeliewen tëscht Judden a Chrëschten zënter dem Mëttelalter.
Hien thematiséiert och d'Pogromer an Osteuropa, d'Flüchtlingskrise an den 1930er Joren an d'Deportatiounen am 2. Weltkrich. Agebonnen an de Virtrag interpretéiert de Guy Schons jiddesch Lidder aus de Ghettoen, wéi "Dona, Dona", a bekannt Lidder wéi „Tumbalalaike" a „Bei mir bist du schéin".
Hien erkläert den Inhalt vun de Lidder op Lëtzebuergesch, ier en se virdréit.
An Zesummenaarbecht mam Escher Theater.